Commentaires

Rubrique ouverte à nos membres

La rubrique “Commentaires” est ouverte à nos membres. Ceux qui veulent la “meubler”, sont priés d’envoyer leurs articles ainsi qu’une photo format jpg. via mail à info@sportspress.lu.
Les commentaires peuvent être rédigés en langue luxembourgeoise, allemande ou française et doivent traiter un sujet qui concerne le sport luxembourgeois. Une parution simultanée ou antérieure dans un media luxembourgeois est souhaitée, mais n’est pas obligatoire.

La rédaction


RTL - 11/05/2012 - Franky Hippert
(en luxembourgeois)

Image Spueren un zwou Sportsinfrastrukturen ass falsch

Dee Leschte vun deene ron 140 Dausend Sportlerinnen a Sportler, deen hei zu Lëtzebuerg eng Lizenz huet, krut en Dënschdeg mat, datt de Premier Jean-Claude Juncker, awer och guer näischt mat Sport um Hutt huet.

Schlëmm ass, datt hien dann och nach d’Sportswelt géint déi vun der Kultur ausspillt. Dorop loossen ech mech awer lo net an.

Ech weess, wann dee Commentaire hei, lo bei eis um Internet op rtl.lu publizéiert gëtt, ginn et rëm eng Rei Leit déi schreiwe wäerten, datt et wierklech méi wichteg Saache gi wéi Sport an seng Infrastrukturen. Als Sportjournalist befaasst een sech eben nun emol mat Sport.

Fänke mer un mam Velodrome. Dee gëtt elo nach net gebaut, seet de Premier.

Falsch Decisioun Här Juncker!

2006, dat Joer wou de Frank Schleck, d’Amstel gewonn hat, war dir nach besonnesch houfreg kënnen an dëse Mikro ze soen, datt Lëtzebuerg endlech nees e Velodrome kritt.

Wann d’Politiker Suen, déi fir de Sport bestëmmt goufen, als Depense gesinn, an net als Investissement, da läit do schonn e grousse Problem.

De Velodrome ass am 8. Fënnefjoresplang vum Sport virgesinn. Dat heescht vereinfacht ausgedréckt, d’Sue stinn um Compte, de Staat gëtt se awer net aus.

Wat ass falsch dorun, ma ganz einfach. Déi Suen schlofen elo do.

Wat géif dat änneren, wann een elo de Velodrome, e soll jo op Munneref kommen, géif bauen.

Vill! Wa gebaut gëtt, ginn Aarbechtsplazen erhal. Wann gebaut ass ginn och nei Aarbechtsplaze geschaf. An elo kommen zwee ganz wichteg Punkten.

  1. Lëtzebuerg ass eent vun de räichste Länner op der Welt, awer och eent vun de aarmséilegsten. Beispill, e Kand 9-10 Joer, fréit säi Papp, ob et an e Vëlosclub ka goen. De Papp äntwert: Mhhh… mäi Kand, et ass ze vill geféierlech fir sou jonk schon op der Strooss trainéieren ze fueren, an hei an engem vun de räichste Länner op der Welt hu mer emol kee Velodrome. E Velodrome ass a priori nämlech net nëmmen do, fir d’Schleck, mä fir Honnerte Kanner, déi bei all Wiederkonditioune sécher kënnen hirem Sport nogoen.

  2. Duerch e Velodrome, huet een hei zu Lëtzebuerg en neit Standbeen am Tourismus. E Velodrome, kombinéiert mat der Méiglechkeet fir zu Munnerëf ze schlofen, géif bestëmmt vill Velosveräiner aus der Groussregioun an d’Kurstad lackelen. An déi konsomméieren jo och nees.

Football-Stadion zu Léiweng.

  1. Hat de Staat ni virgesinn, fir ëffentlech Gelder an de Bau vum Stadion ze stiechen. Wat u sech och net normal ass. En nationale Stadion misst vum Staat gebaut ginn.

  2. Idem wéi beim Velodrome. Duerch de Bau, ginn Aarbechtsplazen erhalen, duerch déi ganz Butteker ginn nei Aarbechtsplazen geschaf, d’Leit konsomméieren. Geschäfter bréngen dem Stad, Stéieren, TVA a.s.w.

Angriff ist die beste Verteidigung, soen se am Sport déisäit der Musel. Fir Wuesstem ze kréien, muss een och an der Politik offensiv denken.

Franky Hippert


Assemblée générale du COSL - 17.03. - Petz Lahure
(en luxembourgeois)

Traduction française
(résumé)

Image Merci, Monsieur le président

Chers amis,

Au moment où Marc Theisen quitte la présidence du COSL, pour les raisons qu’il a lui-même évoquées, après 13 ans à la tête du Comité Olympique, je voudrais, au nom de sportspress.lu (l’Association des journalistes sportifs luxembourgeois), lui témoigner notre reconnaissance et notre estime.

Notre reconnaissance pour l’appui qu’il nous a toujours apporté en tant qu’association membre du COSL, mais également pour les excellentes relations que nous avons entretenues avec les dirigeants du Comité olympique, et avec son président en particulier, dans notre travail quotidien au cours des années écoulées.

Un respect mutuel qui a toujours permis que les opinions, et les critiques éventuelles de part et d’autre, puissent s’exprimer dans une ambiance constructive et amicale.

Notre estime pour la ligne claire et conséquente choisie par Marc Theisen qui est resté fidèle à ses principes en faisant tout pour préserver l’image d’intégrité du Comité olympique.

Une démarche que rien ne le forçait à suivre excepté son souci de placer l’intérêt d’un organe qu’il a si longtemps dirigé au-dessus et surtout à l’écart de ses problèmes personnels.

Ce n’était certainement pas une décision facile à prendre de quitter la tête du Comité olympique à un an du terme normal de son mandat et de porter ainsi un différent privé sur la place publique.

Mais cette décision caractérise bien le souci de rigueur que nous avons apprécié chez Marc Theisen. Sa conception du Fairplay et de l’éthique sportive, des valeurs qu’il a toujours défendues auprès des athlètes, ont guidé son choix et cette décision l’honore.

Sans vouloir évidemment intervenir dans une procédure en cours, permettez-moi simplement de souhaiter à Marc et à ses proches qu’il retrouve pour sa défense les ressources qui lui ont permis de surmonter d’autres défis lors de ses mandats à la tête du Comité olympique et de formuler l’espoir de le voir s’engager à nouveau dans le mouvement sportif, sous la forme qu’il aura choisie, dans un proche avenir.

Petz Lahure


RTL - 13.03.2012 - Franky Hippert
(en luxembourgeois)

Image Lëtzebuerger Football:
Besser wéi säi Ruff

Vill där sougenannter Frënn vum ronne Lieder hei am Land huelen als Excuse, fir sonndes zu Lëtzebuerg net méi op e Footballsterrain ze goen, datt de futtballereschen Niveau sou schlecht wär. “Dat ass jo net méi ze kucken”, héiert een dacks.

Ech si vill op Football-Terrainen ënnerwee. Lännermatcher, Bundesliga, BGL-Ligue an de leschte Samschdeg war ech a Frankräich Nice géint Nanzeg kucken, an der Ligue 1, der ieweschter Divisioun am Land vum fréiere Welt- an Europameeschter. Ok, déi zwou Equippe spillen am ënneschten Drëttel vun dëser Profi-Liga. Mä wéi gesot, awer Profi-Liga, dat heescht, déi Spiller maachen de ganzen Zäit soss näischt wéi Football spillen. Déi éischt Halschent war schlecht. Feelpassen, d’Bäll einfach blann hannen héich eraus. Déi zweet 45 Minutte waren dunn ënnerierdesch. “Not gegen Elend”, wéi se déi Säit der Musel géife soen. Ouni Konzept, taktesch ouni Disziplin, Spillintelligenz gläich Null, an der ieweschter Profi-Liga an engem Land mat 65 Milliounen Awunner.

Natierlech ass de Rhythmus e bësse méi héich. Ech muss awer soen, datt ech eis Nationalequipe, lauter Amateuren, heescht: ginn nieft dem Football och nach schaffen, zum Beispill an enger ganzer Rei vu Matcher an der Lescht mat enger vill besserer Leeschtung gesinn hunn wéi dat e Samschdeg. An och vill Matcher an der BGL-Ligue si vill méi agreabel ze kucken.

De Lëtzebuerger Football-Ferventen hir Erwaardunge sinn fir den nationale Football och vläit einfach ze héich. Kee Wonner, wann een all Woch op der Télé, an der Champions League, den FC Barcelona gesäit, déi bescht Equipe op der Welt. Mä wéi géif een an engem Stadion sangen: “Et gëtt just een FC Barcelona.” Dofir Lëtzebuerger Football-Ferventen, haalt de Ball einfach e bësse méi flaach, wat d’Erwaardungen uginn.

Franky Hippert


RTL - 27/02/2012 - Franky Hippert
(en luxembourgeois)

Image Bei Absicht erof vum Terrain!

Eng Zeen, déi definitiv näischt op engem Sportsterrain ze sichen huet, wéi de Franky Hippert an engem Tëscheruff mengt.

Ech hu gemengt, ech géif dreemen, wéi ech dat gëscht héieren hunn. Mat der Fauscht an d’Gesiicht an och nach e Coup de Boule. Handelt et sech ëm e schlechte Film? Nee, et schéngs net! Neierdéngs Realitéit op engem Lëtzebuerger Footballsterrain.

Op dëser Plaz geet et mer lo net drëm, dee presuméierten Auteur vun der Dot an der Ëffentlechkeet blousszestellen, dofir verzichten ech och bewosst op Nimm.

Wann awer e Spiller bei der Police eng Plainte mécht, well hie während dem Match gebeetscht soll gi sinn, an de Spiller och mat schwéiere Kapp- a Gesiichtsblessuren an d’Spidol muss, huele ech jo un, datt eppes geschitt ass. An esou wéi de Spiller bei eis op der Foto um Internet ausgesäit, huelen ech och un, datt et net eng einfach Aktioun am Spillverlaf war.

Ech huelen och un, datt de blesséierte Spiller sech kee Coup de Boule selwer ginn huet oder sou laang mam Kapp an de Poteau vum Gol gerannt ass, bis hien ëmgefall ass. Sou muss et jo ee gewiescht sinn, deen um Terrain stoung. Et war net keen, géifen se an der Bommeler-Affäre soen.

Deen, deen et also war, wäert jo lo natierlech versichen ze soen, datt et net gewollt war. Den Arbitter-Assistent, deen d’Zeen gesinn huet, wéi e seet, schwätzt kloer vun Absicht.

Fir mech ass kloer: Kommen d’Geriichtsinstanzen zur Konklusioun, datt et eng absichtlech Aktioun war, dann huet esou een, ech soen elo net gär “Sportler”, näischt méi op engem Sportsterrain ze sichen.

Franky Hippert


TAGEBLATT - 07/02/2012 - Petz Lahure
(en allemand)

Image Andy: Sieger oder Betrogener?

„Merke Andy: Sieger brauchen sich nicht zu entschuldigen…“

Mit diesem Satz endete mein Schlusskommentar zur Tour de France 2010. Nie hätte ich gedacht, dass die acht Wörter anderthalb Jahre später wieder in den Vordergrund rücken würden.
So wie seinerzeit Alberto Contador es am Abend des Kettenabsprungs an Andy Schlecks Maschine versäumte, sich für seine Attacke zu entschuldigen, sollten auch Schleck keine Schuldgefühle befallen, wenn er wegen der Sperre Contadors zum Tour-de-France-Sieger 2010 erklärt wird.
Statt einer Entschuldigung wäre viel eher ein Gang auf die Barrikaden angebracht, denn einiges deutet darauf hin, dass Andy Schleck im Verlauf seiner noch jungen Karriere schon um so manchen Sieg (u.a. zwei grosse Tours und eine „Classique“) betrogen wurde.
Nehmen wir den Giro 2007. Schleck wurde Zweiter, geschlagen von Danilo Di Luca,… den man 2009 des Dopings überführte. Frage: War der Italiener vielleicht zwei Jahre früher „clean“?
Nehmen wir die Flèche Wallonne 2009. Schleck wurde Zweiter, geschlagen von Davide Rebellin,… der 2008 bei den Olympischen Spielen betrogen hatte, aber erst viel später (für viele zu spät) wegen Dopings gesperrt wurde. Frage: War der Italiener bei seinem Flèche-Sieg sauber?
Nehmen wir die Tour de France 2009. Schleck wurde Zweiter, geschlagen von Alberto Contador, in dessen Blut sich ein Jahr später Clenbuterol befand. Frage: War Alberto Contador bei seinem Tour-Erfolg 2009 „proper“?
Die Liste liesse sich fortsetzen, doch hat es keinen Zweck, Vergangenem nachzutrauern. Genau so wie es wenig Sinn macht, die Tour de France 2010 oder die Grande Boucle 2011 neu aufzurollen, um dann festzustellen, dass Andy Schleck sie auch auf dem Rad hätte gewinnen können oder sogar müssen.
Der Sieger der Tour 2010 am „grünen Tisch“ und dreifache Gewinner des „Maillot Blanc“ (2008, 2009, 2010), ist erst 26 Jahre alt. Es bleibt also noch Zeit für etliche sportliche Erfolge. Bisher war Andy im Rennen zu fein, zu brav, zu gutmütig, zu ehrlich. Gewiss sind das edle Eigenschaften, die einen gut erzogenen, jungen Mann auszeichnen. Mit einem Quäntchen „Killerinstinkt“ aber kommt man einen Schritt weiter. Das sollte der junge Schleck mittlerweile begriffen haben.
Besitzer und Management des neuen RadioShack-Nissan-Teams wissen, wo der Hebel anzusetzen ist. Und darum scheint es nur eine Frage der Zeit zu sein, bis Andy auch ganz offiziell mit dem „Maillot Jaune“ über die „Champs Elysées“ fahren darf.
Hut ab vor denjenigen, die Contador sperrten. Sie haben Courage bewiesen und einen Warnschuss losgelassen, der den gesamten Sport beeindrucken müsste. Es ist allerdings ein Jammer, dass der Fall durch so viele Instanzen geschleppt und verschleppt wurde und der Radsport dadurch einmal mehr negativ in vieler Munde ist.
Und es wird, leider, auch die Diskussion geben: warum nicht auch Armstrong?

Petz Lahure


RTL Radio Lëtzebuerg - 24/01/2012 - Franky Hippert
(en luxembourgeois)

Image JPEE: “Je reste sur ma faim“

D’Organisateure wollten anescht, innovativ, sprëtzeg, medientechnesch modern, mat engem staarken Slogan sinn.
Fänke mer mat deem un. De Slogan ass eng Fro. Are you ready for the games? Jo wat maache mer da lo, wann een mat „Nee“ äntwert. Da si mer awer gehäit. Vläit wär et besser gewiescht en affirmative Saz ze maachen, am Sënn vun „Ready for the games, mat engem Ausruffzeeche! Och dat hätt een kënnen deklinéieren, sou wéi d’Organisateuren dat wëlle maachen, mat Ready for Cycling, Ready for Help a.s.w.
Dann ass de Slogan de Logo. Bei deene leschte 14 Editioune vun de Spiller vun de klenge Länner hat een ëmmer e richtege Logo, net e Saz. Sinn d’Organisateure mat hirer Publicitéitsagence hei net vläit e bëssen ze vill anescht, innovativ, a sprëtzeg?
De Mëtteg bei der Presentatioun vum Slogan, an deemno och vum Logo ass mir spontan eng Geschicht vun engem Kolleg agefall. Deen hat op 3.ème en Exposé iwwert e Buch am Däitschen. Hien hat d’Buch awer ni fäerdeg gelies, a wosst deemno net wéi d’Geschicht géif ophalen. Fir dat ze vertuschen huet hien einfach zum Schluss vu sengem Exposé gesot, datt hien d’Spannung vun de leschte Säiten net wéilt huelen, an datt d’Matschüler dowéinst d’Buch selwer sollte liesen.
Bei eiser Geschicht vum Slogan an gläichzäiteg Logo feelt och eppes. Hei kritt een awer lo näischt vertuscht, well et ass kee richtege Logo do. Et verstoppt een sech awer hannert innovativ an anescht wëllen ze sinn. Innovativ ass a mengen An awer anescht. Mir kënnt et éischter fir, wei wann et un innovativer Kreativitéit gefeelt hätt.

Franky Hippert